Tarifa 2010 – Day 3
Et wore mol 8 Prinzessinnen an e Prënz.
Gestrandet op engem paradieseschem Fleckchen Ärd, bewunnt vun allerlei Gefligel, Fësch an aaneren Kreaturen, hun si sech voller Mutt de schlemmsten Strapazen ausgesaat ouni Récksecht op Verloschter. Alles am Senn vun der Fuerschung, déi hiert Härz geleed huet.
Geniert vum Honger no neien Abenteuer huet et déi wagemuteg Equipe op d’Séi verschloen. Mat hieren technesche Waffen (Fotoapparaten, waat hudd Dier da geduert ?!?) hun se probéiert déi wëll Flipperen am Moment anzefänken, waat leider net emmer vun Erfolleg gekréint war (déi Denger si séier …).
Onermiddleg op der Sich no neien Herausfuederungen hun si och dem stiemege Sand de Kampf erklärt. Schlussendlech hun déi tapfer Helden d’Schlacht gewonnen (et goufe keng Doudeger gezielt) mee nach laang net de Krich, well bis elo ass et hinnen nach net gelongen sech de ganzen Sand aus den Hoër ze wäschen …
Geschwächt an erfëllt vum Dag faalen déi 9 Helden an d’Bett an dreemen friddlech vun neien Erleiwnisser déi se den aaneren Dag erliewe wärten. :)
Motto vum Dag: Let’s face it, I’m hotter than you!
Du kannst alle Antworten zu diesem Eintrag via RSS 2.0 Feed erfolgen. Du kannst einen Kommentar hinterlassen, oder einen Trackback von deiner eigenen Seite.








Also dir leif Prinzessinen an e Prenz ech fannen är Fotoen wonnerschein och dei vun den schnellen Delphinen!Maacht weider sou:-)
Also, ech beneiden Iech.
Op jidderfall wenschen ech iech een scheinen Openthalt bei deenen schnellen Deieren.
Weini kennt main Katja rem heem? :(
:P
<3