Tarifa 2010 – Day 5

Salut, ech sin de Jemp de 6. an eigentlech hun ech jo e ganz gemittlecht Liewen op der englescher Hallef-Insel Gibraltar. Daat heescht ech hun och schon vill Touristen hei mat erliewt mee haut war et awer rem ganz iwwerdriwwen.

Do kennt dann deen Trupp do (8 Weiber an een Typchen) ugerannt an déi quietschen a féieren eng op, wéi wann se nach nie en Aaf gesin hätten deen op engem Glänner setzt a gemittlech seng Chipse knaat (Gudd dass daat klengt Meedchen ee Moment net opgepasst huet. Ech hun zwar léiwer déi mat Paprika mee bon, waat well ee maachen …?!).


A schon fänken se un op mech ze weisen, blöd ze laachen an ze glucksen, ma wessen déi dann net dass daat onhéiflech ass?!? Et mierkt een nawell séier dass déi iwwerhaapt kee Plang hun wéi daat hei leeft! Se laafen d’Stroossen op an of, gin an d’Buttiker a froen all hier 50-Pennies (Mäi Cousin den Heng mengt zwar se hätten déi Mënz mat den Delfiner drop gesicht mee ech sin iwwerzeecht dass déi einfach net eentz gin!), hoppse wéi blöd wann se eng englesch Telefonskabin gesin (an déier sti vill dorueter), an da stiechen se och nach hier knaschteg Schwees-Féiss einfach esou an en öffentleche Sprangbuer a vernennen all Pimpampel a Planz mam falschen Numm ( et schengt awer wéi wann deen Typ nach dee gescheitsten Bléck drop haat …).

An da soll nach ee soen mier Makaken wieren déi onziviliséiert a well Déieren!! :)

Motto vum Dag: Michèle (mär haaten hat am Botanesche Gaart verluer …) :)

Diesen Artikel, drucken, bookmarken oder einem Freund mailen..
  • Print
  • PDF
  • email
  • RSS
  • Blogplay
  • del.icio.us
  • Digg
  • Facebook
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Technorati
  • Twitter
  • Wikio
  • Yahoo! Bookmarks

Du kannst alle Antworten zu diesem Eintrag via RSS 2.0 Feed erfolgen. Du kannst einen Kommentar hinterlassen, oder einen Trackback von deiner eigenen Seite.

2 Kommentare »

 
  • Yves sagt:

    Ma dat ass jo mol eng ganz flott Geschicht, passt sust op dat der net nach een Protokol, kritt.
    Pierre pass op dech op.

  • Luca sagt:

    Ma kloer,typen hun emmer de gescheitste blèck drop…
    Los dech net vun dene médercher décuragéieren Pierre!
    Trotzdem iech all nach e schèinen openthalt!

 

Hinterlasse eine Antwort

XHTML: Diese Tags kannst du nutzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>