1. Dag: Rees a China & “Science and Technology Museum Shanghai”
No enger 14 stonnegener ermiddender Rees sin mier gutt um 10 Auer Regionalzäit (4 Auer lëtzebuergescher Zäit) zu Shanghai ukomm, wou den Chauffeur vum Paul Würth op ons gewaart huet. Kuerz an d’Hôtel eppes aaneres undoen, haaten mier schon Rendez-vous am “Science and Technology Museum Shanghai”.
Deen war relativ interessant, me d’Middegkeet war einfach méi staark. Dei opgestoppten wëll Déieren aus Afrika an plastiks Insekten am Reebesch Australien hun eis rem dozou bruecht flott Witzer ze maan.
D’Krystallen an d’Fossilien hun eis faszinéiert an bei den Roboter hun mer rem gutt gelacht.
Nodem den Joshua a keen passenten Paltong gepasst huet, sin mier an den
Hôtel zereck gaang.
D’Iessen an den Logement hun eis Virstellungen am weiten iwwertraff. Mier waren immens iwwerrascht vun dem Luxus deen mier hei gebueden krutten. Well mier vun der Staat Shanghai nach net vill gesinn hun, kenne mier ierch erreicht Muer mei iwwert déi Weltstaat erzielen, dann maachen mier nämlech eng Stadtrundfahrt.
Du kannst alle Antworten zu diesem Eintrag via RSS 2.0 Feed erfolgen. Du kannst einen Kommentar hinterlassen, oder einen Trackback von deiner eigenen Seite.






