2. Dag: Stadtrundfahrt
Ausgeschlof an vollgestoppt matt chinesechen Leckereien sin mier geint 10 Auer op den SWFC Building gaang, deen mier Flaschenöffner genannt hun, wou mer op 492 Meter eng supper Aussicht op ganz Shanghai haaten. Um Tuerm sin mier dun zur Attraktioun gin, als grouss Europäer sin mier ongewollt zu Photostars gin.
Dunn sin mer an den Yu Garden gaangen, en typeschen chinesechen Gaart, daat wor mol eng erfreschend Ofwiesselung zu den Plastikplanzen dei d’Chinesen sou gären hun. Um Wee dohinner an zereck haaten mier d Geleegenheet en puer typesch chinesech Boutiker ze besichen wou mer eis op deen een oder aaneren gudden Handel ageloos hun.
Duerno sin mier durch eng Shoppingstroos gaang wou mier en puer mei luxuriös Geschäfter besicht hun. Nodems mier vun eisem privaten Chauffeur vun Paul Wurth vierun engem gudden chinesechen Restaurant eraus geloos gin sin, hun mier missen 1 Stonn op dem David sein Iessen waarden well si emmer “Yes” soen an ze fein sin nozefroen wann si eppes net verstaan hun.
Dun sin mier un den Bund (Flossufer) gaangen, dee scheinen Nuetspanorama vun Shanghai bewonneren. An faalen elo midd an zefridden an d’Bett.
Du kannst alle Antworten zu diesem Eintrag via RSS 2.0 Feed erfolgen. Du kannst einen Kommentar hinterlassen, oder einen Trackback von deiner eigenen Seite.






