3. Dag: Weltaustellung
Haut stoung d’Weltaustellung op eisem Programm. Thema vun deser Weltaustellung ass “Better City, Better Life”, wou d’Ziel ass
een bessert Liewen an den Stied ze entweckelen. No enger kuerzer Fahrt sin mier dunn zu Shanghai bei der Expo ukomm.
Eis éischt Ziel war den lëtzebuerger Pavillon, wou mier eng ganz flott an interessant Informatiounen vum Anouk Faber kritt hun.
An der VIP Lounge vum lëtzebuerger Pavillon krutten mier dann eis VIP Ticketen, fier dass mier méiglechst vill Pavillonen besichen konnten. Dofier nach een groussen Merci un den Paul Wurth, deen dat ganzt organiséiert huet an un d’Anouk Faber an den Thomas Rohdewald, déi eis esou léiw um
letzebuerger Pavillon empfaangen hun.
Mier waren immens iwwerrascht vun deenen verschiddenen Pavillonen, all Pavillon war vun der Aussenarchitectur en Konschtwierk genausou war d’Innenarchitectur emwärfend. Och d’Representatiounsmethoden hun eis immens impressionéiert.
Owes hun mier dunn am Restaurant vum letzebuerger Pavillon gies an haaten mam Herr Rohdewald eng interessant Diskussion iwwer Land a Sprooch.
Nach een groussen Merci un d’Leit vum Paul Wurth, ouni hier Ennerstetzung wären des Deeg ni sou flott ginn. Merci.
Du kannst alle Antworten zu diesem Eintrag via RSS 2.0 Feed erfolgen. Du kannst einen Kommentar hinterlassen, oder einen Trackback von deiner eigenen Seite.






