6. Dag: Public visitation, Sun Yat-Sen Memorial Hall & Zhujiang Brauerei
.
.
.
.
D’Ceremonie huet eng Zaitchen gedauert an et wor alles op Chinesech
.
.
.
.
.
.
.
.
Duerno haaten mier haut eis eischt Presentatiounen virum Public.
Ganz vill Leit waren un eisem Stand interesséiert an hun dauernd Fotoen vun eis gemaach. Eisen Projet huet vill Interesse fonnt, enner aanerem, well mier eis Anlach ganz alleng gebaut hun an well et an China sou eppes net gett.
.
.
.
.
.
..
Nodem mier eppes klenges zu Metteg gies hun, sinn mier dunn d’Zhujiang Brauerei besiche gaangen, wou mier d’ganz Geschicht vum Béier gewissen an erzielt krutten.
.
.
.
.
No enger Degustation sinn mer bei den Sun Yat-Sen Memorial gefuer. Do haaten mier awer nemmen een kuerzen Obenhalt, well mier am Stau stoungen.
No den Visiten sin mier dunn an den Guangdong Science Center op den Party Dinner gaangen, wou mier méi z’iessen krutten wei mier packen konnten. Während dem krutten mier Kontakter mat Eistréicher an Schweden déi mat eis um Dësch giess hun.
No desem ustrengenden awer flotten Dag, hun mier eis nach missen fier d’Juryspresentatioun, déi Muer ass, fierbereeden.
Du kannst alle Antworten zu diesem Eintrag via RSS 2.0 Feed erfolgen. Du kannst einen Kommentar hinterlassen, oder einen Trackback von deiner eigenen Seite.











Ma dat héiert sech jo extrem gut un, ech mengen dir braucht geschwenn een manager fier dat ganz do zum erfolleg zebréngen, dir wärt jo awer nach alldheinsdo zeréck op lëtzebuerg kommen oder git dir direkt do hannen engagéiert? dann braucht dir villaicht een kach, do kennen ech een…… dem géif dat nawell spass machen
allez mat et nach weider ewéi bis elo ….. einfach gut
fannen daat och super dass dir sou gut bei den chineesen ukommt :p
wenschen irsch na weiderhinn vill Gleck ! :)
Einfach immens wat dir alles gesitt an erliewt. Dir kent wirklech stolz op iech sin.
Mir wënschen iech nach vill Spass an schéin Deeg an China- ze iessen kritt dir jo emol emmer genuch :).
Chris a Family
mir sin ganz gespaant op dat resultat, mee egal ewéi et aus geet, dir hut souwiesou schons gewonnen
vill daumen drécken vun hei aus
de fan club vun giewel