Aktivitéiten

Concours Jeunes Scientifiques

De Stëchdatum fir d’Aarbecht ofzegin ass den 1ten Méindeg am Abrëll.

W.J. Kroll – Präis

De Stëchdatum fir d’Umeldung ofzegin ass den 1ten Juli vun all Joer.

Concours Jeunes Scientifiques

Wien ass en jonke Fuerscher?
Jiddereen deen tëschent 12 an 21 Joer huet an Interessi u Wëssenschaft an Technik huet!

Och du hues eng Iddi, egal op wat fir engem Gebitt! So eis et, mir hëllefen Dir! Du brauchs deng Aarbecht net eleng ze maachen, och zwee oder dräi kënnen un engem Thema schaffen an denk drun: An all Gebitt ka gefuerscht ginn! Biologie, Chimie, Physik, Technik, Mathematik, Economie, Geographie, Geschicht, Informatik, Musek, Soziologie, Theologie, Sport, Linguistik, Konscht, …
Gewann beim Concours Geldpräisser an/oder international Reesen op aner wëssenschaftlech Concoursen oder Stagen.

D’AJSL bitt dir och:

  • Virschléi fir ze fuerschen
  • Kontakter mat Spezialisten
  • Interessant Visiten an aner Aktivitéiten

W.J. KROLL – Präis

Wien ka matmaachen?
Jiddereen deen tëschent 12 an 21 Joer huet an nach an d’Schoul geet!

Läit däin Hobby am Gebitt vun der Physik, Chemie oder Technik?
Da gewann du de W.J. Kroll – Präis!

Dofir brauchs Du keng extra Aarbecht ze machen, awer du muss noweisen, dat däin Hobby eppes mat Physik, Chimie oder Technik ze dinn huet.

Mat der Ënnerstëtzung vun der FONDATION NICOLAS LANNERS

Diesen Artikel, drucken, bookmarken oder einem Freund mailen..
  • Print
  • PDF
  • email
  • RSS
  • Blogplay
  • del.icio.us
  • Digg
  • Facebook
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Technorati
  • Twitter
  • Wikio
  • Yahoo! Bookmarks

Kommentare sind geschlossen.