Concours

De 25ten Mee 1971 gouf fir d’éischte Kéier de “Concours Jeunes Scientifiques” zu Lëtzebuerg presentéiert. Eng 1. Präisverdeelung war den 20ten November 1971. D’Vereenegung AJSL-Jonk Fuerscher Lëtzebuerg ass den 1ten September 1977 gegrend gin.

Der A.J.S.L. hir Aufgab ass et fir déi Jonk ze informéieren, hinnen bei der Sich no engem geegneten Tuteur ze hëllefen an déi geleeschten Aarbecht ze belounen. D’A.J.S.L. gëtt normalerweis keng finanziell Hellef fir dass e Jonken eng Aarbecht maache kann. D’Vereenegung kann awer d’Méiglechkeet gin fir materiell Ennerstëtzung, z.B. andeems de jonken Fuerscher Zougang zu Experimentéiermaterial an enger Schoul kritt.

Fir beim “Concours Jeunes Scientifiques” matzemaachen mussen verschidden Etappen zeréckgeluegt gin:

  • Schreiwen vun enger wëssenschaftlecher Aarbecht
  • Opbauen vun engem Stand
  • Presentatioun um Stand
  • Jury – Gespréich
  • Presentatioun virum Publikum
  • Präisiwerreechung

Bedingungen fir mat ze maachen

  • Jongen an Meedecher tëschent 12 an 21 Joer
  • Interessi u Wëssenschaft an Technik hun
  • Eng schrëftlech Fuerschungsaarbecht maachen
  • Bereet Neies ze erliewen
  • De Stëchdatum fir d’Aarbecht ofzegin ass den 1ten Méindeg am Abrëll.

Schreif dech an !

 captcha

Diesen Artikel, drucken, bookmarken oder einem Freund mailen..
  • Print
  • PDF
  • email
  • RSS
  • Blogplay
  • del.icio.us
  • Digg
  • Facebook
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Technorati
  • Twitter
  • Wikio
  • Yahoo! Bookmarks

Kommentare sind geschlossen.