Veröffentlichungen

5. Dag: Guangzhou

Eisen Stand an eis Begleederin

Den Moien sin mier um 7 Auer opgestan an sin dunn um 9 Auer an den Center (Exhibition hall) gefuer wou mier eis Biogasanlag presentéiren wärten. An der Haal sin mei wei 500 verschidden Stänn, dei meeschten sin vun Chinesen dei um CASTIC matt maan. No 2 Stonnen haaten mier eisen Stand ferdech opgericht an sin dunn zereck an den Hotel iessen gaangen.

Den Metten um halwer 2 sin mier Guangzhou besichen gaangen, den “Nonggjiangsuo” an den “Ancestral Temple of the Chen Family”.

Ancestral Temple of the Chen Family

Am Tempel hu mir dei vill vun Hand skultei’ert Figuren bewonnert, dei op dem Dach, dei aus Holz an all Zemmer, an d’Austellung matt aalen Elfenbeen Mier haaten och d’ Meiglechkeet en Souvenir vun do ze kaafen. Um Wee dohinn an zereck haaten mer d Geleenheet d’Staat besser kennen zeleieren, an kruten och verschidden Informationen vun engem Responsablen vum CASTIC.

Geinter Owend hun mier dun am Hotel gies an hun lescht Preparatiounen fier Muer gemeet.

Guangdong Science Center

4. Dag: Rees op Guanghzou

Mier sin gutt zu Guanghzou ukomm an bereeden eis elo fier den CASTIC fier. Mier sin ganz léiw emfaangen gin an mier sin super ennerbruecht. Mier hun och schon Dänen, Franzousen an Thailänner kennegeléiert.

3. Dag: Weltaustellung

Haut stoung d’Weltaustellung op eisem Programm. Thema vun deser Weltaustellung ass “Better City, Better Life”, wou d’Ziel ass

Waarden ugesoot

een bessert Liewen an den Stied ze entweckelen. No enger kuerzer Fahrt sin mier dunn zu Shanghai bei der Expo ukomm.

Eis éischt Ziel war den lëtzebuerger Pavillon, wou mier eng ganz flott an interessant Informatiounen vum Anouk Faber kritt hun.

An der VIP Lounge vum lëtzebuerger Pavillon krutten mier dann eis VIP Ticketen, fier dass mier méiglechst vill Pavillonen besichen konnten. Dofier nach een groussen Merci un den Paul Wurth, deen dat ganzt organiséiert huet an un d’Anouk Faber an den Thomas Rohdewald, déi eis esou léiw um letzebuerger Pavillon empfaangen hun.

Mier waren immens iwwerrascht vun deenen verschiddenen Pavillonen, all Pavillon war vun der Aussenarchitectur en Konschtwierk genausou war d’Innenarchitectur emwärfend. Och d’Representatiounsmethoden hun eis immens impressionéiert.

Owes hun mier dunn am Restaurant vum letzebuerger Pavillon gies an haaten mam Herr Rohdewald eng interessant Diskussion iwwer Land a Sprooch.

Am Bannenhaff vum letzebuerger Pavillon

Nach een groussen Merci un d’Leit vum Paul Wurth, ouni hier Ennerstetzung wären des Deeg ni sou flott ginn. Merci.

2. Dag: Stadtrundfahrt

Ausgeschlof an vollgestoppt matt chinesechen Leckereien sin mier geint 10 Auer op den SWFC Building gaang, deen mier Flaschenöffner genannt hun, wou mer op 492 Meter eng supper Aussicht op ganz Shanghai haaten. Um Tuerm sin mier dun zur Attraktioun gin, als grouss Europäer sin mier ongewollt zu Photostars gin.

Am Yu Garden mam Fläschenöffner am Hannergrond

Dunn sin mer an den Yu Garden gaangen, en typeschen chinesechen Gaart, daat wor mol eng erfreschend Ofwiesselung zu den Plastikplanzen dei d’Chinesen sou gären hun. Um Wee dohinner an zereck haaten mier d Geleegenheet en puer typesch chinesech Boutiker ze besichen wou mer eis op deen een oder aaneren gudden Handel ageloos hun.

Duerno sin mier durch eng Shoppingstroos gaang wou mier en puer mei luxuriös Geschäfter besicht hun. Nodems mier vun eisem privaten Chauffeur vun Paul Wurth vierun engem gudden chinesechen Restaurant eraus geloos gin sin, hun mier missen 1 Stonn op dem David sein Iessen waarden well si emmer “Yes” soen an ze fein sin nozefroen wann si eppes net verstaan hun.

Shanghai by Night

Dun sin mier un den Bund (Flossufer) gaangen, dee scheinen Nuetspanorama vun Shanghai bewonneren. An faalen elo midd an zefridden an d’Bett.

Science is a natural home for optimists

Lord Browne welcomes students at prestigious opening ceremony claiming that “science is a natural home for optimists”

300 students from over 50 countries gathered together at the Royal Geographic Society on Thursday 29th July to celebrate the start of this year’s LIYSF, with key note speakers Lord Browne of Madingley and Professor Nigel Brandon. Students were also welcomed warmly to Imperial College by Professor Julia Buckingham, Pro Rector for Education.

Tarifa 2010 – Last Days

Mär sangen Ärch elo e wonnerschéint Lidd. Verzeit eis all schief Nout mee se komme vun Härz! :)

Song:

Tarifa

Fir mat ze sangen:

Ech luch an der Sonn

A lo sin ech verbrannt

Wär ech nemme net op d’Plage gerannt

Mee sou eppes ka geschéien

A lo kann een meng Haut rofzéihen

Ech leien am Sand a liese mäi Buch

Mee iergendswann hun ech och ders genuch

Ech sprangen an d’Mier a schwammen aus Spaass

Schnorchlen no Fesch a sprutzen se naass.

Ech dréinen de Kapp

Hin an hier

Alles ronderem mech ass nemme blot Mier

Keen Delfin wäit a breet

Trotzdem eng Riese-Freed

Mir sin de Feind vun all Scheff

Mir kréien de Kapitän dozou dass en ersefft

De Moto fänkt un extrem ze qualmen

Lenge mer nemmen ennert de Palmen

Ech dréinen de Kapp

Hin an hier

Riets a lenks an och hanne fier

Mat dem Boot rondrem ze fueren

An net mam Sprit ze spueren

Zevill Sonn ass net gudd fir de Kapp

Mär gin domm

De Pierre dee mecht daat net méi laang mat

Sträifen-Delfin a Fin-Wal

Adler, Geier, Tümmler an Orca

All déi hu mer gesin

Waat eng Freed hei ze sin.

Ech dréinen de Kapp

Hin an hier

Alles ronderem mech ass nemme blot Mier

Keen Delfin wäit a breet

Trotzdem eng Riese-Freed

Ech dréinen de Kapp

Hin an hier

Riets a lenks an och hanne fier

Mat dem Boot rondrem ze fueren

An net mam Sprit ze spueren

Ta-Ta-Ta-Tarifa

Tarifa 2010 – Day 10

Now! Very exclusive! How to find your own personal Dolphin!! The perfect Guide:

- Fir d’éischt Anti-Kotz-Pell ageheien an hoffen dass se wierkt (huet bei eis an der Grupp sou wäit emmer gedingt, waat ee vun aaneren Touristen net emmer behaapte konnt…).

- Bei Turmares goen a fir de beschte Präis e Boot lounen.

- E gudde Kapitän op d’Steierrad setzen, net de Pierre. :) Jo et gin och aanerer (Jose Maaaari).

- Videokamera a Fotoapparat parat haalen an net déi ganzen Zäit op Welle viséieren, do ass nämlech net emmer eppes! :)

- Wann de Fall kennt dass iergendeen rifft: “Eng Schwanzfloss, do hannen op véirel vir 5 (??)” an en huet och nach villäicht Recht, steiert de Kapitän (normalerweis…) op dee Punkt duer. A kuerz drop gesäit een dann op een tatsächlech net ganz dolaanscht getippt haat wann een d’Delfiner entdeckt!

- Dono gin et da folgend Regelen ze respektéieren:

* Delfiner ernähren sech generell net vun Tortilla-Chips oder Kaapen, dofir dingt et näicht déi an d’Mier ze geheien…

* Och wann den Enthusiasmus rieseg grouss ass, helleft et näicht direkt an d’Mier ze sprangen. D’Delfiner si da scho laang fort a wann een sech geiert huet an et ass awer op eemol en Orca bei deen een sech geheit huet…hmmm…

* Delfiner hun e grousse Spaass drun d’Menschen u Bord vun engem Boot naass ze spretzen. Ech géif awer trotzdem kengem roden et hinnen d’selwegt zeréck ze zuelen, daat dingt net vill, déi si Waasser iergendswéis gewinnt.

- Wann des einfach (an dämlech) Regelen respektéiert gin kann engem perfekten Delfin-Erliewness näicht méi am Wee stoen!

- Enjoy your Dolphin! :)

1. Dag: Rees a China & “Science and Technology Museum Shanghai”

No enger 14 stonnegener ermiddender Rees sin mier gutt um 10 Auer Regionalzäit (4 Auer lëtzebuergescher Zäit) zu Shanghai ukomm, wou den Chauffeur vum Paul Würth op ons gewaart huet. Kuerz an d’Hôtel eppes aaneres undoen, haaten mier schon Rendez-vous am “Science and Technology Museum Shanghai”.

Virum "Science and Technology Museum Shanghai"

Deen war relativ interessant, me d’Middegkeet war einfach méi staark. Dei opgestoppten wëll Déieren aus Afrika an plastiks Insekten am Reebesch Australien hun eis rem dozou bruecht flott Witzer ze maan. D’Krystallen an d’Fossilien hun eis faszinéiert an bei den Roboter hun mer rem gutt gelacht.

Nodem den Joshua a keen passenten Paltong gepasst huet, sin mier an den Hôtel zereck gaang.

D’Iessen an den Logement hun eis Virstellungen am weiten iwwertraff. Mier waren immens iwwerrascht vun dem Luxus deen mier hei gebueden krutten. Well mier vun der Staat Shanghai nach net vill gesinn hun, kenne mier ierch erreicht Muer mei iwwert déi Weltstaat erzielen, dann maachen mier nämlech eng Stadtrundfahrt.

Eng vun eisen éischten Impressiounen vun Shanghai

Eng vun eisen éischten Impressiounen vun Shanghai

London International Youth Science Forum

Nos deux lauréates du concours national Jonk Fuerscher Claire Roseren et Sylvia Bink
(Projet : Students’ Exposure to Tobacco) représentent le Luxembourg au prestigieux

London International Youth Science Forum

du 28 July – 11 August

qui est placé sous le thème : Energy-The Global Challange

Sylvia Bink lors de la  Flag Ceremony à la Royal Geographic Society

la photo montre Sylvia Bink lors de la Flag Ceremony à la Royal Geographic Society pour l’Opening Ceremony le 29 juillet 2010

Tarifa 2010 – Day 8 and 9

Drengend Duerchso: 9 Lëtzebuerger verschollen um Mier!!

1.August 2010, Estepona, Spuenien.

Grad ass déi drengend Melldung era komm dass e Grupp vu 9 Lëtzebuerger op engem Boot als vermesst gellen. Vun hierer Ausfahrt déi se géint 15:00 gestart hun, ass bis elo nach keen erem komm.

Nemmen hiert Log-Buch gouf um Strand ugespullt a per Zoufall vun engem Passant font gin. Leider sin awer all d’Säiten déi virum 31.07.2010 datéieren ganz opgeweescht a nett méi liesbar. Et war awer méiglech  déi lescht Norichten vu geschter an haut erem hierzestellen.

Hei e puer Auszich:

31.07.2010, 8:03, Jugendherberg, Pelayo, Spuenien

Sin nach am Hallefschlof… Vir d’éischt mol Kaffi drenke goen (würg…). De Wand ass ongenschteg haut. Levante rem do. Tarifa kennt net a Fro, Estepona ass d’Alternativ.

31.07.2010, 10:12, Café, Estepona, Spuenien

Zweete Kaffi dingt hoffentlech méi. Croissant ass och besser wéi déi haart Kuuscht vu virdrun. Nach séier eng lescht Pipi-Paus an da geet et lass. Eist Boot heescht “Good Go” a mer hoffen all op vill Delfiner.

31.07.2010, 13:07, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Grad e Grupp Delfiner gesichtet. Se hu witzeg Sprengkenscht drop. E puer gin an d’Waasser fir mat hinnen ze schwammen.

31.07.2010, 13:08, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Keng Delfiner méi ze gesin. Féiss net gewäsch!

31.07.2010, 17:32, Jugendherberg, Pelayo, Spuenien

Erfollegräich Ausfahrt mee jiddfereen midd. Fotoe gi verschafft mee fir Blog leider keng Zäit méi…

31.07.2010, 23:12, Tarifa, Spuenien

Kee méi midd a Riese-Spaass beim Danzen. D’Charlotte laacht sech e jonke Borscht un (3.5 Joer :)) waat eis 2 witzeg Stonnen beschert.

1.08.2010, 11:00, Jugendherberg, Pelayo, Spuenien

Opstoen… Kaffi drenken verpennt. Egal näicht verpasst. Levante nach emmer do dofir rem op Estepona.

1.08.2010, 15:17, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

D’Rees an daat Ongewesst geet un, (well) Pierre ass Kapitän.

1.08.2010, 15:30, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Keen Delfin.

1.08.2010, 16:00, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Keen Delfin…

1.08.2010, 16:30, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Keen Delfin mee kuerz schwamme gaangen.

1.08.2010, 17:03, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Endlech e puer Delfiner fond. Direkt gi Fotoe gemaach!

1.08.2010, 17:30, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Kapitän stoppt d’Boot. Aus alle Lächer kennt Damp. De Numm vum Boot brengt awer kee Gléck …

1.08.2010, 17:31, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Moto sprengt net méi un. Iwwerhetzung. Puer Fläsche Waasser drop gekippt.

1.08.2010, 17:32, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Stemmung get onroueg. Deenen éischten stin d’Schwees-Perlen um Gesiit an et richt verbrannt.

1.08.2010, 17:33, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Stemmung aart a Panik aus. E puer welle schon zereck schwammen.

1.08.2010, 17:34, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

OH GOTT MÄR WÄRTEN ALL STIERWEN!!!!! … Mär musse Rou behaalen. Proviant get opgedeelt an et get diskutéiert ween als éischten fir d’Wuel vun eis all geopfert get (Charlotte steet héisch am Kurs :)).

1.08.2010, 17:39, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

En aanert Boot kennt eis méi no mee Hellef gesäit aanescht aus.

1.08.2010, 17:41, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Déi éischt sprange vu Bord an hoffen op Rettung duerch Delfiner. Méi no wéi 10 Meter kommen se awer net.

1.08.2010, 17:45, Good Go iergendswou um Mier, Estepona, Spuenien

Mettlerweil ass jiddfereen mell. Dehydratatioun an Honger stin eis all an d’Gesiit geschriwwen. Panik ass keen Ausdrock méi. Nach emmer kee Meter vum Fleck komm …

Lo just krute mer eng Noricht eran: Déi 9 si gudd, wuelgeniert a mat breedem Grinsen erem ukomm. Et gi keng Verletzter gezielt, nemmen d’Boot krut beim Parken e puer Schréibsen an de Moto gesäit och net méi sou gesond aus (de Pierre muss elo ennertauchen).