Veröffentlichungen

Cycle de conférences 2010

Le programme et la brochure du cycle 2010 des conférences des chercheurs luxembourgeois à l’étranger.


The London International Youth Science Forum

8. Dag – Award Ceremony

En Denschden  wore mir iwer 10 Stonnen an der Jury session – an no 10 Jury’s Sessiounen sin mir doutmidd erem am Hotel ukomm.

Stau virum lëtzebuerger Stand

Geschter Mettwoch wore mir muerges op eisem Stand am Science Center wou immens vill Visiteuren un eisem Projet an eisen exoteschen Gesiichter interesséiert waren.

.

.

.

Mettes hun mier dunn eng Visite vun enger Militär Akademie gemaach. Mier hun eis Visite, an déi “gréng Long” vun Guangzhou, weinst engem Wieder missen ofbriechen.

bei der Iwerreechung vum "Certificate of outstanding achievement "

.

Owes war dunn deen groussen Moment vun der Präisiwereechung, wou mier ennert déi neng bescht vun den internationalen Teilnehmer komm sin. Dofier kruten mier nach een extra “Certificate of outstanding achievement for international participants”.

d'Showeinlagen woren fantastesch

.

.

.

.

.

.

beim Interview an de Kulissen

Och d’Chinesesch Press wor un eis interesse’ert, an als Vertrieder vun den Internationalen Teilnehmer, hu mir eis flott Andreck an engem Interview beschriwen.

.

.

.

.

Nach e leschte Grous aus China – elo gi mir de “Lignan Impression Park” kucken an  d’Valissen paaken – e’er et op de Flughafen geet.

Bis Muer um Findel

6. Dag: Public visitation, Sun Yat-Sen Memorial Hall & Zhujiang Brauerei

Haut de Moien huet de CASTIC offiziel ugefaang

Mir waarden ...

 .

.

.

.

D’Ceremonie huet eng Zaitchen gedauert an et wor alles op Chinesech  

... du wor et esou weit

.

.

.

.

.

.

matt den ofiziellen Maskottercher.

.

.

Duerno haaten mier haut eis eischt Presentatiounen virum Public. 
Ganz vill Leit waren un eisem Stand interesséiert an hun dauernd Fotoen vun eis gemaach. Eisen Projet huet vill Interesse fonnt, enner aanerem, well mier eis Anlach ganz alleng gebaut hun an well et an China sou eppes net gett.

de Max beim Interview matt der Press

.

.

.

.

.

..

"PROST"

Nodem mier eppes klenges zu Metteg gies hun, sinn mier dunn d’Zhujiang Brauerei besiche gaangen, wou mier d’ganz Geschicht vum Béier gewissen an erzielt krutten.

.

.

.

.

No enger Degustation sinn mer bei den Sun Yat-Sen Memorial gefuer. Do haaten mier awer nemmen een kuerzen Obenhalt, well mier am Stau stoungen.

 

No den Visiten sin mier dunn an den Guangdong Science Center op den Party Dinner gaangen, wou mier méi z’iessen krutten wei mier packen konnten. Während dem krutten mier Kontakter mat Eistréicher an Schweden déi mat eis um Dësch giess hun.

No desem ustrengenden awer flotten Dag, hun mier eis nach missen fier d’Juryspresentatioun, déi Muer ass, fierbereeden.

5. Dag: Guangzhou

Eisen Stand an eis Begleederin

Den Moien sin mier um 7 Auer opgestan an sin dunn um 9 Auer an den Center (Exhibition hall) gefuer wou mier eis Biogasanlag presentéiren wärten. An der Haal sin mei wei 500 verschidden Stänn, dei meeschten sin vun Chinesen dei um CASTIC matt maan. No 2 Stonnen haaten mier eisen Stand ferdech opgericht an sin dunn zereck an den Hotel iessen gaangen.

Den Metten um halwer 2 sin mier Guangzhou besichen gaangen, den “Nonggjiangsuo” an den “Ancestral Temple of the Chen Family”.

Ancestral Temple of the Chen Family

Am Tempel hu mir dei vill vun Hand skultei’ert Figuren bewonnert, dei op dem Dach, dei aus Holz an all Zemmer, an d’Austellung matt aalen Elfenbeen Mier haaten och d’ Meiglechkeet en Souvenir vun do ze kaafen. Um Wee dohinn an zereck haaten mer d Geleenheet d’Staat besser kennen zeleieren, an kruten och verschidden Informationen vun engem Responsablen vum CASTIC.

Geinter Owend hun mier dun am Hotel gies an hun lescht Preparatiounen fier Muer gemeet.

Guangdong Science Center

4. Dag: Rees op Guanghzou

Mier sin gutt zu Guanghzou ukomm an bereeden eis elo fier den CASTIC fier. Mier sin ganz léiw emfaangen gin an mier sin super ennerbruecht. Mier hun och schon Dänen, Franzousen an Thailänner kennegeléiert.

3. Dag: Weltaustellung

Haut stoung d’Weltaustellung op eisem Programm. Thema vun deser Weltaustellung ass “Better City, Better Life”, wou d’Ziel ass

Waarden ugesoot

een bessert Liewen an den Stied ze entweckelen. No enger kuerzer Fahrt sin mier dunn zu Shanghai bei der Expo ukomm.

Eis éischt Ziel war den lëtzebuerger Pavillon, wou mier eng ganz flott an interessant Informatiounen vum Anouk Faber kritt hun.

An der VIP Lounge vum lëtzebuerger Pavillon krutten mier dann eis VIP Ticketen, fier dass mier méiglechst vill Pavillonen besichen konnten. Dofier nach een groussen Merci un den Paul Wurth, deen dat ganzt organiséiert huet an un d’Anouk Faber an den Thomas Rohdewald, déi eis esou léiw um letzebuerger Pavillon empfaangen hun.

Mier waren immens iwwerrascht vun deenen verschiddenen Pavillonen, all Pavillon war vun der Aussenarchitectur en Konschtwierk genausou war d’Innenarchitectur emwärfend. Och d’Representatiounsmethoden hun eis immens impressionéiert.

Owes hun mier dunn am Restaurant vum letzebuerger Pavillon gies an haaten mam Herr Rohdewald eng interessant Diskussion iwwer Land a Sprooch.

Am Bannenhaff vum letzebuerger Pavillon

Nach een groussen Merci un d’Leit vum Paul Wurth, ouni hier Ennerstetzung wären des Deeg ni sou flott ginn. Merci.

2. Dag: Stadtrundfahrt

Ausgeschlof an vollgestoppt matt chinesechen Leckereien sin mier geint 10 Auer op den SWFC Building gaang, deen mier Flaschenöffner genannt hun, wou mer op 492 Meter eng supper Aussicht op ganz Shanghai haaten. Um Tuerm sin mier dun zur Attraktioun gin, als grouss Europäer sin mier ongewollt zu Photostars gin.

Am Yu Garden mam Fläschenöffner am Hannergrond

Dunn sin mer an den Yu Garden gaangen, en typeschen chinesechen Gaart, daat wor mol eng erfreschend Ofwiesselung zu den Plastikplanzen dei d’Chinesen sou gären hun. Um Wee dohinner an zereck haaten mier d Geleegenheet en puer typesch chinesech Boutiker ze besichen wou mer eis op deen een oder aaneren gudden Handel ageloos hun.

Duerno sin mier durch eng Shoppingstroos gaang wou mier en puer mei luxuriös Geschäfter besicht hun. Nodems mier vun eisem privaten Chauffeur vun Paul Wurth vierun engem gudden chinesechen Restaurant eraus geloos gin sin, hun mier missen 1 Stonn op dem David sein Iessen waarden well si emmer “Yes” soen an ze fein sin nozefroen wann si eppes net verstaan hun.

Shanghai by Night

Dun sin mier un den Bund (Flossufer) gaangen, dee scheinen Nuetspanorama vun Shanghai bewonneren. An faalen elo midd an zefridden an d’Bett.

Science is a natural home for optimists

Lord Browne welcomes students at prestigious opening ceremony claiming that “science is a natural home for optimists”

300 students from over 50 countries gathered together at the Royal Geographic Society on Thursday 29th July to celebrate the start of this year’s LIYSF, with key note speakers Lord Browne of Madingley and Professor Nigel Brandon. Students were also welcomed warmly to Imperial College by Professor Julia Buckingham, Pro Rector for Education.

1. Dag: Rees a China & “Science and Technology Museum Shanghai”

No enger 14 stonnegener ermiddender Rees sin mier gutt um 10 Auer Regionalzäit (4 Auer lëtzebuergescher Zäit) zu Shanghai ukomm, wou den Chauffeur vum Paul Würth op ons gewaart huet. Kuerz an d’Hôtel eppes aaneres undoen, haaten mier schon Rendez-vous am “Science and Technology Museum Shanghai”.

Virum "Science and Technology Museum Shanghai"

Deen war relativ interessant, me d’Middegkeet war einfach méi staark. Dei opgestoppten wëll Déieren aus Afrika an plastiks Insekten am Reebesch Australien hun eis rem dozou bruecht flott Witzer ze maan. D’Krystallen an d’Fossilien hun eis faszinéiert an bei den Roboter hun mer rem gutt gelacht.

Nodem den Joshua a keen passenten Paltong gepasst huet, sin mier an den Hôtel zereck gaang.

D’Iessen an den Logement hun eis Virstellungen am weiten iwwertraff. Mier waren immens iwwerrascht vun dem Luxus deen mier hei gebueden krutten. Well mier vun der Staat Shanghai nach net vill gesinn hun, kenne mier ierch erreicht Muer mei iwwert déi Weltstaat erzielen, dann maachen mier nämlech eng Stadtrundfahrt.

Eng vun eisen éischten Impressiounen vun Shanghai

Eng vun eisen éischten Impressiounen vun Shanghai